*** Kee Fussball bis 27.04.2020 ***

*** Kee Fussball bis 27.04.2020 ***

D'FLF huet haut matgedeelt, dass weider kee Fussball zu Lëtzebuerg wäert gespillt ginn, dëst mol sécher bis de 27.04.2020 inclus.

Vu dass d'Sportinfrastrukturen souwisou och bis den 30.04.2020 inclus zou sinn, ass dësen Datum just e weidere klenge Schrëtt no hannen am Kalenner an et bleift ofzewaarden wéini (an ob) dës Saison nees opgeholl gëtt.

Bis dohinner wënscht den U.N. Käerjeng '97 jidderengem vill Kraaft, Courage a virun allem, dass der all gesond bleift!

#bleiftdoheem #rettliewen #siddverstänneg #siddsolidaresch
#vamosunk #vamosalleguerzesummen