1:0 Victoire zu Péiteng
Den Arbitter Här Rodrigues päift Partie of an et ass Jeunesse, déi sech duerch e Gol vum Stelvio Da Cruz aus der 44. Minutt mat 0:1 duerchsetze ka. Jeunesse war vun der 26. Minutt un, no enger giel-rouder Kart fir de Pinto, nëmmen nach zu 10 um Terrain. No enger gudder éischter Hallschent, hunn déi Escher am Ufank vun der zweeter Hallschent versicht fir eng Virentscheedung ze suergen mee den Ouwo Moussa huet direkt 2 Bäll nëmmen knapp virum Gol verpasst. Titus Péiteng huet sech dann no an no an dës Partie zeréck gekämpft an hat och e puer Golchance mee si haten haut net dat néideg Zilwaasser gedronk. An der Nospillzäit ass et nach eng Kéier héich hiergaange, sou dass den Här Rodrigues de Jeck huet missen mat der giel-rouder Kart vum Terrain schécken. Dono ass näischt méi passéiert an sou huet Jeunesse no 7 Spilldeeg 9 Punkten um Kont, genau wéi Titus Péiteng.
TEXT: RTL
Jeunesse Esch