Berbuerger Duerfbeschass Gewënner

Berbuerger Duerfbeschass Gewënner

 
 

Virum leschte Championnatsmatch vun der Saison war rëm den äusserst amüsanten a spannenden Koubingo, aka. "Berbuerger Duerfbeschass", am Stade Renert. Um Punkt 12 Auer ass d'Kou an d'Arena gelooss ginn. Se war ganz gemittlech an onopgereegt ënnerwee, an huet sech zwëschenduerch och mol e bessen geluecht. Géint 14h25 war et dann awer souwäit, d'Kou huet hier Geschäft erleedegt an d'Spill war eriwwer. No der Ausmoossung stoung d'Feld T9 als Haaptgewënnerfeld fest. Déi Felder rondrem S8, S9, S10, T8, T10, U8, U9 an U10 sinn déi kleng Gewënner.

Hei d'Gewënner vum Koubingo 2019:

Lynn Reimen: 143 Euro
Marc Kubica: 71,5 Euro
Steven Baskewitsch: 71,5 Euro
Tom Bamberg: 143 Euro
Andreas Paulos: 47,5 Euro
Tania Wagener: 47,6 Euro
Tim Hoffmann: 47,6 Euro
Marc Schommer: 143 Euro

D'Felder T8, U9 an U10 souwéi och d'Haaptgewënnerfeld T9 waren leider vu kengem reservéiert ginn. De Gewënn vun dëse Felder, ingesamt ëmmerhinn 2216,5 Euro, bleift awer net an der Keess mee gëtt un d'SOS Kannerduerf zu Miersch gespend. Méi dozou fannt dir demnächst op dëser Plaz.

D'Gewënner ginn an den nächsten Deeg kontaktéiert oder kënnen sech op info@berdenia.lu mellen.

Villmools Merci fir d'Matmaachen!

FOTOGALERIE: click hei