Berdenia Season Opening

Berdenia Season Opening

Eng Woch virum Start vun der Eirepromotioun stellt den FC Berdenia sech viir.

Samsdes, de 7. August fënnt am Stade Renert den Ustouss fir déi nei Saison statt. Nët nëmmen wäerten eis éischt an zweet Equipe sech sportlech weisen a beweisen, mee och eis nei Spiller ginn iech viirgestallt an eis fuschnei Trikot'en ginn exklusiv op dësem Dag presentéiert. Ouni zevill verrooden ze wëllen... daat gëtt bärestaark!

Programm:
14h00: FC Berdenia Berbourg 2 - FC Victoria Rosport 2
16h00: Spiller- an Trikotpresentatioun
16h30: FC Berdenia Berbourg - FC Bitburg

Kommt an ärer Fantenue a kuckt iech den FC Berdenia 2021/2022 un. Fir déi, déi sech nach wëlle gratis Entrée op eisen Heemmatcher sécheren, kritt een nach VIPkaarten fir d'Saison an der Entréeskeess. Fir eise Season Opening ass den Entrée fräi a fir Iessen, Drénken a gutt Stëmmung ass natierlech och gesuergt.

Dësen Event fënnt am Stade Renert statt ënnert dem Covid-Check Regime (geimpft / gesond / gestest oder Schnelltest op der Plaz).

Mir si Berbuerg!