Beschte Wënsch fir eis trei'ste Memberen

Beschte Wënsch fir eis trei'ste Memberen

Den FC Berdenia Berbourg wënscht dem Marie-Reine an dem Francis Crelo alles Gudds fir hier gëllen Hochzaït. Allebéid sinn Si schon jorzéngtelaang an a rondrem de Veräin engagéiert. Mat Recht kann een Sie als laangjähreg Memberen an tréiste Fans bezeechnen. Fréiher selwer am Comité an um Terrain engagéiert, ginn haut nach ëmmer alleguer d'Uniformen Weekend fir Weekend vun hinne gewäsch, an et fënnt een Si op all Match. De 5. November 2019 sinn Si 50 Joer bestued an hunn dëse Weekend hieren Jubiläum gefeiert. Mir wënschen Iech alles Guddes an nach vill Joren derbäi. Prost op Iech a Merci fir ären Engagement.