Bryan Yongo wiesselt op Berbuerg

Bryan Yongo wiesselt op Berbuerg

De Bryan Yongo ass e grouss gewuessenen Innenverteideger a kënnt vum FC Schengen op Berbuerg. Mat séngen 23 Joer bréngt hien awer schon eng Partie europäesch Fussballserfahrung mat. Beim FC Montfermeil aus der Région Parisienne ass hien ausgebild ginn an huet duerno och 1. Equipe gespillt. Zwëschenduerch war hien 2 Joer a Portugal wou hien Juniors op nationalem Niveau gespillt huet. 2018 ass bei den FC Schengen gewiesselt fir direkt den Opstieg an déi 2. Divisioun ze feieren.

Lo ass hien zu Berbuerg geland a mir heeschen de Bryan häerzlech Wëllkomm!

Mir si Berbuerg!