Coupe: No der Pflichtaufgab kënnt den FC Wolz

Coupe: No der Pflichtaufgab kënnt den FC Wolz

FC Racing Troisvierges - FC Berdenia Berbourg 1-9

Mam Bus si mer op Elwen gereest, fir um Enn zwar keng 3 Punkten mee emmerhinn e weideren Tour an der Coupe de Luxembourg mat Heem ze huelen. Zu kengem Moment war eis Favoriteroll a Fro gestallt, géint e Géigner deen allerdéngs och Zweetleschten an der 3. Divisioun ass. Trotzdeem huet et bis déi 24. Minutt gedauert, bis mer de Score konnten opmaachen a mat 1-0 a Féirung gaange sinn. Duerno ass et dann gutt gelaf an d'Jongen konnten sech aspillen fir sou séier wéi méiglech och am Championnat wichteg Punkten ze huelen. No e puer schéine Goaler, dorënner och 2 Eelefmetergoaler, awer och engem onnéidege Géigegoal, stoung et um Enn 9-1 fir eis Faarwen.

24. Minutt 0-1 Moritz Habscheid per Fräistouss
26. Minutt 0-2 Daniel Ulbrich mam Kapp
35. Minutt 0-3 Kylian Chalumeau
45. Minutt 0-4 Ren Anda op Penalty
45.+2 Minutt 0-5 Tom Maurer aus abseitsverdächteger Positioun
54. Minutt 0-6 Achmed Boussi
77. Minutt 1-6 Eiregoal fir Elwen
79. Minutt 1-7 Imran Rafdy
85. Minutt 1-8 Samuel Stein op Penalty
88. Minutt 1-9 Eric Galetto

Mir si Berbuerg!!!

An der zweeter Ronn vun der Coupe spille mir den 22. September doheem géint den FC Wiltz 71 aus der Eirepromotioun