D'Réckronn steet virun der Diir

D'Réckronn steet virun der Diir

No enger intensiver Preparatioun an enger Reih Testmatcher geet dëse Weekend d'Réckronn vum Championnat fir eis éischt an eis zweet Equipp rëm un. Aus der Wanterpaus eraus ass et awer och d'Nooriicht dass zwee Leeschtungsträger aus der Hironn eiser éischter Equipe leider net méi fir d'Réckronn zu Verfügung stinn. De Ren Anda, eise Goalgarant am Stuerm, souwéi den Asahi Watanabe, eisen defensiven Stabilisator, hu missen aus private Grënn zréck an hiert Heemechtsland Japan reesen. Deemno muss eis Equipe, déi sécherlech d'Potential huet fir dee selweschten gudden Niveau ze haalen, méi no zesummeréckelen an als Team déi zweet Halschent vun der Saison bestreiden. Dëst huet d'Equipe och schonn an der Preparatioun gewisen wou sie aus 6 Matcher nëmmen ee verluer huet. Lo geet den Eescht awer rëm un, an zwar mat folgenden Matcher:

Freideg, 28. Februar - Seniors II: FC Berdenia Berbourg II - FC Munsbach II 20h00

Sonndeg, 1 Mäerz - Seniors I: Avenir Beggen - FC Berdenia Berbourg 16h00

Mir si Berbuerg!