DE YAN FALKNER STELLT SECH VIR

DE YAN FALKNER STELLT SECH VIR

Fir d'Zäit ouni Futtball sou gudd wéi méiglech ze iwwerbrécken, profitéieren eis Spiller vun der Geléenheet, fir sech hire Supporteren souwuel op sportlechem Plang wéi och privat e bësse besser virzestellen.

Haut gi mir méi vum Yan Falkner gewuer.

FUSSBALL

- Mäin Alter: 20 Joer

- Meng Positioun: Verteideger

- Meng Gréisst: 1,78 Meter

- Mäi Spëtznumm: Falko, Yanski, Falknerinho

- Meng Veräiner bis elo: F91 Diddeleng an Izeg

- Zu Izeg säit: 2019

- Mäi beschte Match bis elo: Victoire géngt Rëmeleng mam F91, wou ech nach Stiermer war

- Mäi beschte Géigespiller: d'Stiermeren vum Swift Hesper

- Meng schlëmmsten Verletzung: nie schlëmm verletzt gewiescht

- Mäi Virbild an der Jugend: Ronaldinho, "El fenomeno" Ronaldo

- Mäi Lieblingsclub: AC Milan, Tottenham Hotspur

 

PRIVAT

- Mäi Beruff: op der Sich

- Meng Hobbyen nieft dem Fussball: Videospiller, kleng Vakanzen

- Mäi Liewensmotto: Walk as if you are kissing the Earth with your feet

- Wouriwwer ech mech freeën kann: eng Arbecht ze fannen, gudd Iessen

- Ween ech gär géif kenneléieren: Vanessa Hudgens

- Wou ech gär géif liewen: New York, Tokyo

- Mäi Lieblingsiessen: Pizza vun der Mamm

- Mäi Lieblingsgedrénks: Amaretto

- Mäi Lieblingsmuseker: Takeoff, Gunna, PNL

- Mäi Lieblingslidd: No Type, Jusqu'au dernier gramme

- Mäi Lieblingsschauspiller: Leonardo di Caprio

- Mäi/Meng Lieblingsfilm/-serie: Spider Man 3, Naruto Shippuden

- Wouriwwer ech laachen kann: schwaarzen Humor