DËST JOER KEE CHAMPIONNAT MÉI

DËST JOER KEE CHAMPIONNAT MÉI

Opgrond vum neie Covid-19-Gesetz Nr.7694 gëtt niewend der BGL Ligue dëst Joer och an der Ligue 1 bei den Dammen kee Match méi gespillt (-> Communiqué vun der FLF an der Annexe).

Domadder geet et souwuel fir d'Meedercher vun der Entente Izeg/Cebra wéi och fir d'Senioren an allen Divisiounen eréischt den 10.Januar 2021 matt de Championnatsmatcher weider.

D'Reprise vum Jugendchampionnat ass iwerdeems fir de 17.Januar geplangt.

+++ TRAINING VUN DE JUGENDEKIPPEN +++

- D'Traininger vun eise Bambinis a Jeunes Filles, déi di lescht Wochen zu Izeg resp. um Houwald an der Hal trainéiert hunn, sinn annulléiert!

- D'Traininger vun eise reschtleche Jugendekippen ginn bis op Weideres, wéi schonn an dene leschte Wochen, matt 4er-Gruppen fortgesat.