Éirendiplom fir den FC Berdenia

Éirendiplom fir den FC Berdenia

Nom Opstieg an d'Éirepromotioun, huet den FC Berdenia nach ee weideren Éirentitel kritt deen eis richteg houfreg mëcht.

"One world, one passion", daat war de Motto vun eisem Coach Jorge Freitas a de Spiller aus eisem Veräin fir de jonke Fussballer vun Djinack Bara aus dem Senegal eng Freed ze maachen.

D'Begeeschterung war grouss an ët ass éis geglëckt dëse Kanner éis Ënnerstëtzung ze ginn fir dass si hirer Passioun nogoen kënnen. 

An lo... lo hu si eis iwwerrascht mat engem "Diplôme d'honneur" a mir sinn houfreg drop!
 
Nio far! - en Ausdrock aus dem Senegal deen di Responsabel eis oft an eiser Korrespondenz geschriwwen hun - Mir sinn zesummen!

Mir si Berbuerg!