Eise neie Chefcoach Rainer Kraft

Eise neie Chefcoach Rainer Kraft

De 60 Joer aalen Däitschen Rainer Kraft kënnt aus dem Schwabenland bei eis op Berbuerg. An der Fussballswelt ass hien scho vill rondrëmkomm a bréngt deemno eng enorm Erfahrung mat op d'Bänk vun eiser éischter Equipe. Ugefaangen huet hien mat enger Ausbildung als Sportsprof, fir sech duerno zum Physiotherapeut an Trainer mat UEFA Pro Lizenz weider ze entwéckelen.
 
Bis Enn 2021 war de Rainer Headcoach a Sportdirekter bei den Accra Lions mat deenen hien an d'Ghana Premier League opgestiegen war. Do viirdrun huet hien fir eng ganz Reih renomméiert Veräiner geschafft, wéi zum Beispill dem VFL Wolfsburg, FC Schalke, VFB Stuttgart, Karlsruher SC, asw. Ausserdeem war hien och fir den DFB a fir de Fussballverband vum Azerbaidjan aktiv.
 
Op dëse Statiounen huet de Rainer verschidde Rollen ausgeübt, vum Chefcoach, iwwer Co-Trainer, Scout a Jugendleeder bis hinn zum Projektentwéckler oder och nach Reha- a Fitnesscoach. Iwwer d'Joren war hien an enkem Kontakt mat Traineren wéi dem Joachim Löw, Felix Magath, Klaus Augenthaler, Winnie Schäfer, Edgar Schmitt, asw.
 
Deemno eng ganz interessant Vita vun eisem neie Coach mat Erfahrungen vun deenen eis Equipe sécherlech profitéiere kann. Kommt iech selwer e Bild vun him a senger Handschrëft um Terrain maachen. Hei de Programm vun eisen Testmatcher
 
Mir heeschen de Rainer häerzlech Wëllkomm zu Berbuerg a wënschen him gutes Gelingen!
 
#MIRsiBERBUERG