EISEN NEIEN TRAINER AM GESPRÉICH (DEEL II)

EISEN NEIEN TRAINER AM GESPRÉICH (DEEL II)

Liest héi den zweeten a lëschten Deel mat eisem neien Trainer.

Hat Dir scho Kontakt zu eenzele Spiller?

 Jo, ech hunn de Kapitän Milos Todorovic zu engem Gespréich getraff. Ech wollt wëssen, wéi hien d'Situatioun geséit. Ech hat och de Manu Lapierre schonn um Telefon. Mir wäerten e reegelméissegen Austausch hunn. 

Dir kommt an e ganz néit Ëmfeld. Wéi schwéier ass et do, fir sech séier anzeschaffen?

Eng vun de Qualitéite vun engem gudden Trainer ass et, fir sech séier unzepassen. Egal wou. Ween dat net kann, dee kritt et schwéier, fir kompetitiv ze bléiwen. Mee all Club ass aneschter an et muss een ob d'Sensibilitéiten vun de Léit oppassen. Ech war elo schonn e puer Mol hei zu Esch fir mir alles unzekucken. Ech mengen, dass kléng Changementer néideg sinn, fir nach besser ze ginn. Ech hunn awer och gemierkt, dass dass d'Léit hei houfreg op hire Veräin sinn. Dat huet mir gutt gefall. An dofir mengen ech, dass ee bei der Jeunesse wierklech eppes erreeche kann. 

Dir hutt vu Changementer geschwat. Wäert Dir vill änneren?

Et gi scho Saachen, déi wäerte mir aneschter upaken. Mee et gëtt näischt changéiert, just fir ze changéieren. De Club huet e Vécu an dee musse mer all respektéieren. Mee fir mech ass et zum Beispill wichteg, mat engem Préparateur physique ze schaffen. Eist Ziel ass, all eenzelne Spiller besser ze maachen. Se däerfen sech net an enger Comfortzone fanne, wou kee se stéiert. Et muss e bestänneg u sech schaffen. Ech erwaarden als Trainer vill vun de Spiller, mee ech probéieren hinnen och vill ze ginn.

Sidd Dir als Trainer no bei de Spiller?

Jo. E Gruppegefill ass mir wichteg. Ech well Emotiounen deelen. Ech wäert vill vun de Spiller verlaangen a probéieren, de Maximum aus hinnen eraus ze huelen. Mee se kënnen dofir awer och zu all Moment bei mech kommen, wann eppes ass, wat se bedréckt.

Den éischten Challenge kënnt geschwënn mat der Europa League. Wéi gitt dir se un? 

Et ass eng Belounung fir d'Spiller fir déi lëscht Saison. Et ass awer och fir mech eng Erausfuerderung a mir wäerten se gutt virbereeden. Ech haassen et ze verléieren, ech well ëmmer gewannen, souguer beim Training. Mee et ginn dës Saison méi grouss Erausfuerderunge fir mech: de Championnat, d'Coupe an da wëlle mer eis natierlech erëm fir eng Coupe d'Europe qualifizéieren.

Liëst den eischten Deel vum Interview och op dësem Site. Den Originalinterview ass op franséisch gemeet ginn.