FCL Fête de la Choucroute - 26.01.2020

FCL Fête de la Choucroute - 26.01.2020

Léiw Frënn, Bekannten an Sympathisanten vum F.C. LORENTZWEILER,

Sonndes, den 26ten Januar 2020 organiséieren mir nees eis “Fête de la Choucroute”.


Mir bidden un:

·       Apéro ab 11h30

·       Een klengen “Gruß aus der Küche”

·       Choucroute Garnie (Viandes)

·       Choucroute de la Mer (Poissons)

·       Kannermenu (Spaghetti Bolognaise)

·       Kaffi, Taart an Kuch

·       Flott Tombola  

Sollt Dir deen Daag Loscht an Zäit hunn, dann wieren mir frou wann Dir géift bei eis an den Centre Culturel op Hielem laanscht kommen.

Mir garantéieren wéi all Joers ee gudden Maufel an e sëffegen Patt.


Umeldungen w.e.g. bis Donneschdes den 23ten Januar 2020 beim Arno MERSCH um Telefon 33 00 13 oder 621 721 144 respektiv per Mail ënnert fclorent@pt.lu.


Mir wären frou Iech den Sonndes, den 26ten Januar 2020 ze gesinn.