HEEMMATCH AN DER COUPE FLF

HEEMMATCH AN DER COUPE FLF

D'Auslousung vun der éischter Haaptronn vun der Coupe FLF huet erginn, dass eis éischt Ekipp zu Izeg um Stade Albert Kongs géngt den FC Cebra 01 spillt. De genauen Datum steet nach net fest.

Am Tour préliminaire haten déi Blo-Wäiss sech am Elefmeterschéissen zu Rammerech matt 8:7 duerchgesat, iwerdeems war d'Ekipp vun Zéisseng spillfräi.

Béid Veräiner, déi bei den Dammen zesummen als Entente Izeg/Cebra am Asaatz sinn, trieden dës Saison och am Championnat am zweete Bezirk vun der éischter Divisioun géngteneen un.