Indoor Weekend den 11. an 12. Januar zu Berbuerg

Indoor Weekend den 11. an 12. Januar zu Berbuerg

Momentan ass Wanterpaus. Mee éier den Training dobaussen an der Keelt rem ufänkt, kommen d'Fans vun der feiner Technik an dem séiere Spill nach op hier Käschten. Niewt enge sëllegen aaneren Indoor-Tournoi'en an der Géigend, fënnt nächste Weekend den Jugendindoor an den Challenge Jean Mantz zu Berbuerg statt. Bäi fräiem Entrée gëtt vill Fussball gebueden, a wéi bei eis bekannt ass fir Iessen an Drénken natierlech beschtens gesuergt, an eng flott Tombola gëtt et och nach. Dofir kommt nächste Weekend bis laanscht an d'Sportshal Renert zu Berbuerg. Hei de Spillprogramm vum 11. an 12. Januar 2020:

JUGENDINDOOR

Bambini (U7) Samsdeg 11.01 vun 10h00 bis 11h30
Entente Mensdorf/Canach, FC Jeunesse Junglinster, CS Grevenmacher, Entente Berbourg/Biwer

Poussins (U11) Samsdeg 11.01 vun 12h00 bis 14h30
Daring Echternach, Union Mertert-Wasserbillig, CS Grevenmacher 1 & 2, Entente Biwer/Berbourg

Minimes (U13) Samsdeg 11.01 vun 15h00 bis 17h30
FC Jeunesse Junglinster, Union Mertert-Wasserbillig, FC Victoria Rosport, Entente Berbourg/Biwer/Grevenmacher 1 & 2

Pupilles (U9) Sonndeg 12.01 vun 9h30 bis 13h30
Entente Syrdall, FC Jeunesse Junglinster, US Berdorf-Consdorf 01, FC Koeppchen Wormeldange, FC Syra Mensdorf, Entente Berbourg/Biwer

SENIORS CHALLENGE JEAN MANTZ

Sonndeg 12.01 vun 14h00 bis 20h00
Grupp A: CS Grevenmacher, FC Syra Mensdorf, FC Berdenia Berbourg 1, Marisca Mersch
Grupp B: FC Jeunesse Biwer, FC Berdenia Berbourg 2, US Berdorf-Consdorf 01, SV Irrel
Finallen ab 18h15 (grouss Finall um 19h45)

Déi grouss Coupe vum Seniors Challenge gëtt gesponsort vum Jean Mantz a gëtt esou laang ausgespillt bis eng Equipe den Tournoi 3 mol gewonnen huet. Dëst Joer kënnen d’Equippen vum CS Grevenmacher, Marisca Mersch oder Berdenia Berbourg den Challenge définitiv fir sech entscheeden.