Kader Touré wiesselt vu Salmrohr op Berbuerg

Kader Touré wiesselt vu Salmrohr op Berbuerg

Hei ass dann eisen éischten Summertransfert.

De 25-jährege Kader Touré wiesselt vum FSV Salmrohr op Berbuerg. 2015 ass de verséierten defensive Mëttelfeldspiller vun Eintracht Tréier op Salmrohr gaangen wou hien eng ganz Partie Matcher an der Rheinlandliga an iwwer 60 Matcher an der Oberliga gemaach huet. Nodeems den Asahi Watanabe eis säit der Wanterpaus nët méi zu Verfügung stoung, wäert de Kader eis defensiv Reihen sécherlech rëm e gutt Stéck verstäerken!

Mir heeschen de Kader häerzlech Wëllkomm an der Bärefamill a wënschen him vill Succès am orangen Trikot.

Mir si Berbuerg!