KALENNER FIR D'PHAS 2 AM JUGENDCHAMPIONNAT

KALENNER FIR D'PHAS 2 AM JUGENDCHAMPIONNAT

D'Lëtzebuerger Futtballfederatioun huet den aktualiséierten Spillkalenner fir déi zweet Phas vum Jugendchampionnat publizéiert.
 
Iwerdeems de Programm bei de Jeunes Filles, Poussins, Pupilles a Bambinis nächste Weekend normal weidergefouert gëtt, sinn d'Kategorien Juniors, Cadets, Scolaires a Minimes de Weekend vum 30./31. Oktober spillfräi. No der Neiandeelung ginn d'Championnatsmatcher eng Woch méi spéit (6./7.November) fortgesat.
 
De Kalenner steet an der Annexe als Download zur Verfügung. Déi detailléiert Gruppenandeelung kënnt an den nächsten Deeg no.