MULLEFEST 2019 & FCL-BROCHURE SAISON 19/20
Samschdes, den 21ten September 2019 an Sonndes, den 22ten September 2019 organiséieren mir nees eisen traditionellen Weekend mat Mullen an Lëtzebuerger Kascht.
Mir bidden un:
-
Apéro Samschdes ab 19h00 an Sonndes ab 11h00
-
Mullen au Riesling mat Fritten
-
Mullen à la Crème mat Fritten
-
Judd mat Gaardebounen a gegréifte Gromperen
-
Kannermenu (8 Chicken Nuggets mat Fritten)
-
Kaffi, Taart an Kuch
-
Flott Tombola déi zwee Deeg
Sollt Dir een oder souguer déi zwee Deeg Loscht an Zäit hunn, dann wieren mir frou wann Dir géift bei eis an den Centre Culturel op Hielem laanscht kommen.
Mir garantéieren wéi all Joers ee gudden Maufel an e sëffegen Patt.
Umeldungen w.e.g. bis Donneschdes den 19ten September 2019 beim Arno MERSCH um Telefon 621 721 144 respektiv per Mail ënnert fclorent@pt.lu.
Mir wären frou Iech de Weekend vum 21ten/22ten September 2019 ze gesinn.
Donierwt fannt dir hei hannendrun och eis Brochure fir déi nei Saison 2019/2020.
Mat sportlëchen Gréiss
De Comité vum FCL,