Mullen dëst Joer just doheem (mat Rezept!)

Mullen dëst Joer just doheem (mat Rezept!)

Niewt dem sportlechen Deel, musse mir leider och rëm eent vun eisen beléifte Fester oofsoen. Nom Berbuerger Wies'n Fest am Abrëll an dem Kings of Penalty am Juni trëfft et lo eis Mullefest, waat ursprünglech fir de 17. Oktober geplangt war. Wéinst der aktueller Situatioun hate mir et schonn op den 21. November verréckelt an en Take-Away draus gemaach. Duerch déi aktuell Restriktiounen si mir awer lo gezwongen d'Mullefest 2020 komplett ze annulléieren. Hoffe mer dass et fir den Oktober 2021 rëm kann normal lafen. 
 
Als klengen Trouscht - a well eis Neiheet vum leschte Joer sou gutt ukomm war - fannt dir hei d'Rezept vun eise "Moules à l'ail" fir doheem nozekachen. 

Gudden Appetit, bleift gesond a bis geschwënn! 
 
Mir si Berbuerg!
 
 
Moules à l'ail (3 bis 4 Persounen)
 
Als éischt d'Zooss préparéieren: 
- 1 Liter Oliven Ueleg
- 150g Knuewléck
- 300g Ënnen
- 1 Kaffisläffel Herbes de Provence
- 2 Kaffisläffelen Pastis
- 50g Harissa
 
Duerno 5-6 kg gebotzte Mullen an enger grousser Pan kachen a wann se all op sinn eng Kéier oofschëdden.
Lo déi préparéiert Uelegzooss derbäi ginn an 10 Minutte weider kache loossen.
Zum Schluss nach 2 Fläsche Wäisswäin (z.B. Viognier vum Domaine Mujolan) fir ofzelöschen a 5 Minutten zéihen loossen.
Bon app!