NEI SAISON

NEI SAISON

D‘Saison 2021-2022 ass zwar nach net laang fäerdeg, mä trotzdeem steet déi nei Saison 2022-2023 schonn nees virunn der Dier…

 

Nodeems mir Iech den Trainerstaff fir d‘Seniors I an II schonn méi laang viirgestallt hunn, hunn mir haut nach e puer Neiegkeeten, déi Iech bestëmmt wäerten interesséieren :

- Den Trainingsstart vun eisen Seniors I ass Méindes, den 04.07.2022.

- Den éischten Frëndschaftsmätch vun eisen Seniors I ass Freides, den 08.07.2022 um 19h30 doheem géint d‘Ekipp aus der Fiels.

-           

Hei uewendriwwer fannt Dir déi Spiller, déi fir d‘Saison 2022-2023 nei bei eis an den Kader vun den Seniors I bäikommen. Mir sinn iwwerzeecht datt sie eis wäerten weider hëllefen an mir wënschen hinnen elo schonn Bonne Chance an eng gutt Saison bei eis am Veräin!

 

Dir wäert an der nächster Zäit nach weider Neiegkeeten vun eis mattgedeelt kréien, siew dat wat nei Spiller ugeet (bei den Seniors I an II), siew dat Spiller, déi den Veräin verloossen, genau sou wéi déi final Kaderen vun den Seniors I an II respektiv aner interessant News. Duerfir vergiesst net, reegelméisseg hei op eisem Internet-Site kucken ze kommen oder op eiser FB-Säit.