Pflichtvictoire an der Coupe

Pflichtvictoire an der Coupe

Coupe de Luxembourg: FC Préizerdaul-Réiden - FC Berdenia Berbourg 0-5
 
Um reeneresche Sonndeg si mir fir den 3. Tour vun der Coupe de Luxembourg an de Préizerdaul gefuer. Géint den Tabelleleschten aus der 1. Divisioun ware mir natierlech als Favorit an de Match gaangen, a genau daat hu mir och op den Terrain bruecht. Viir huet et zwar e bësse gedauert bis de géigneresche Filet eng éischte Kéier gewackelt huet, mee hannendran hu mir dofir och näischt zougelooss. Préizerdaul-Réiden konnt en éischte Schoss op eise Goal réicht an der 55. Minutt op e Standard hi verzeechnen. Sou gewanne mir um Enn kloer a stinn domat an der nächster Ronn vun der Coupe de Luxembourg, déi de Weekend vum 30. Oktober gespillt gëtt.
 
Goaler fir den FC Berdenia:
0-1 Ait Said Houssam (26. Minutt)
0-2 Selbstgoal (29. Minutt)
0-3 Jannik Grün (46. Minutt)
0-4 Lewis Long (69. Minutt)
0-5 Lewis Long (88. Minutt)
 
An der Eirepromotioun kënnt et dann e Sonndeg zum groussen Derby-Showdown op Flohr géint den Opsteiger CS Grevenmacher. Kommt alleguer an orange-schwaarz fir eis Equipe ze ënnerstëtzen. Opgepasst: den Upëff ass um 15h00! 
 
Eis zweet Equipe hätt haut den Owend solle Coupe beim FC Swift Hesperange spillen, mee huet leider misste Forfait erklären, sou dass mir an der Coupe Seniors Reserves élminiéiert sinn. Weider geet et mam Reserve Championnat e Freideg wann d'zweet Equipe vum FC Mamer 32 op Berbuerg kënnt!
 
#MIRsiBERBUERG