Seniors 1: A Form fir de groussen Derby

Seniors 1: A Form fir de groussen Derby

FC Berdenia Berbourg - Union Remich/Bous 3-1

 Direkt an der 2. Minutt gëtt Berbuerg mat der 0-1 Féirung vun de Gäscht vu Remich/Bous iwwerrascht. Wéineg Héichpunkter ginn et awer soss an der éischter Halschent, bis op 1-2 grouss Chancen op Säiten vun URB. Kuerz virun der Halschent ass dann et awer de Rayan Rafdy, deen op Viiraarbescht vum Daniel Contrino déi Orange zréck an de Match bréngt. 1-1 also no 45 Minutten. 

Wéi sou oft spillt Berbuerg déi zweet 45 Minutten méi staark op an ass lo um Drücker. D'Konsquenz mecht sech mat zwee weidere Goaler fir eis Equipe bemierkbar. Zweemol kann de Rayan Rafdy noleen, eng Kéier op Viiraarbescht vum Achmed Boussi (75. Minutt) an eng Kéier vum Ibrahim Diop (86. Minutt), fir Berbuerg an d'Gewënnerspuer ze bréngen. Um Ënn steet et also verdéngt 3-1 fir den FC Berdenia. 

Eng wichteg Victoire, déi et eis erlaabt fir den direkten Tabellennoper vu Remich/Bous op 3 Punkten ze écartéieren, an op Plaz 6 an der Tabell ze klammen, weiderhinn gläichop mat 26 Punkten mam Tabellefënnëften CS Sanem. Apropos CS Sanem: d'Equipe vun der Stonn presentéiert sech momentan an Topform a konnt mat 2-0 géint eisen Noper an nächste Géigner CS Grevenmacher gewannen. Nächste Sonndeg um 16h00 ass et dann un eis fir dem CSG op Flohr weider Punkten ofzeknäppen. Kommt eis Jongen zahlreich op de groussen Derby ënnerstëtzen. Allez Berbuerg!!!