Seniors 1: Berbuerg verléiert doheem géint Schëffleng

Seniors 1: Berbuerg verléiert doheem géint Schëffleng

FC Berdenia Berbourg - FC 95 Schifflange 1-3

Bei schlechtem Wierder verleiert Berbuerg doheem mat 1-3 geint Scheffleng.

Den Terrain war schweier ze bespillen duerch deen villen Reen an et waren dei Schefflenger dei mat den Konditiounen vum Terrain besser eens gin sin.

Dei Berbuerger haaten Problemer an de Match ze fannen an Goalchancen haaten just dei Schefflenger. An der 20ter Minute konnt den Vincent Sauber am Goal am eent geint eent klaeren, mee de Ball faellt dem zweeten Stiermer vun Scheffleng virun d’Feiss an deen kann dann ouni Problem den 0-1 markeiren.

Wei Berbuerg sech dann konnt faenken an ugefaang hun besser ze spillen, huet den Ulbrich duerch en iwerflessegen Foul am Mettelfeld dei giel-roud Kaart gewiesen kritt.

No der Halbzeit spillen sech dei Schefllenger eng Chance no der aanerer raus an kennen an der 70ter Minute op 0-2 erheigen.

Wei 2 Minuten drop den Boussi am 16er gefoult gett kreien eis Jongen en Eelefmeter zougesprach deen de Ren Anda kann verwandelen.

Leider haellt d’Freed net laang un, well Scheffleng an der 75ter Minute op 1-3 kann erheigen.

Duerno passeiert net mei vill an Scheffleng hellt verdengt 3 Punkten mat an de Minett.

Naechsten Geigener ass en Sonnden Walfer, wou et wichteg ass ze wannen fir den Uschloss un d’Spetzt net aus den Aan ze verleiren.

Mir si Berbuerg!