Seniors 1: Eng Néierlag fir den Ofschloss

Seniors 1: Eng Néierlag fir den Ofschloss

FC Berdenia Berbourg - FC Mondercange 0-2

Nom erfollegräiche Koubingo "Berbuerger Duerfbeschass" (fir d'Gewënner gewuer ze ginn, click hei), war et dann um sportlechen Deel vum Nomëtteg. Mee éier et an de leschte Championnatsmatch gaangen ass, huet de Veräin sengem laangjährege Spiller an deelweis Kapitän vun der Equipe, Daniel Contrino, nach Äddi a Merci gesot. Hien verléisst de Veräin Richtung Mertert-Wasserbillig fir déi nächst Saison an der Éirepromotioun ze spillen.

An elo zum Match: Vun der éischter Sekonn un huet den Tabelleleader vu Monnerech direkt gewisen dass si hier direkt Opstiegsplaz welle verteidegen. Mat vill Schwong sinn si an de Match gaangen a konnten schonn an der 4. Minutt mat 0-1 a Féirung goen. Déi éischt 20 Minutten geet et ëmmer rëm séier a Richtung vum Berbuerger Goal. Deelweis läit eng gewëssen Nervositéit an der Loft, Monnerech wëll onbedéngt den zweete Goal maachen fir Rou ze hunn an hierem Ziel méi no ze kommen. Eng Szene bleift erviirzehiewen, wéi de géigneresche Stiermer alleng op de Goal geschéckt gett an am 16er vun eisem Keeper vun de Been geholl gett. De fällegen Eelefmeter paréiert de Joé Reuter awer, a beweist domat och schonn séng Form fir de Kings of Penalty Eelefmetertournoi, deen den 8. Juni op der selweschter Plaz stattfënnt (Team Umeldungen op www.penalty.lu). No dëser Szene ass de Match awer méi ausgeglach, an och Berbuerg ka säi Spill op den Terrain bréngen. No der Paus sinn et suguer éischter déi Berbuerger déi um Drücker sinn an dem Ausgläich wesentlech méi no sinn wéi Monnerech dem 0-2. De Ball sollt awer och bei beschte Chancen fir Berbuerg de Wee net bis an de Goal fannen a sou kann Monnerech 5 Minutten viru Schluss den 0-2 an domat den Opstieg perfekt maachen.

Um Enn ass et fir eis Equipe natierlech kee schéinen Ofschloss no enger sou gudder Saison. Op der aanerer Säit war d'Freed awer ongebändegt a sou hunn d'Spiller an d'Supporter vum FC Monnerech hieren erneiten Opstieg an d'Éirepromotioun gefeiert. Den FC Berdenia Berbourg gratuléiert dem FC Monnerech a wënscht och de Yellow Boys vu Weiler bonne Chance am Barragematch.

FOTOGALERIE: click hei