Seniors 2: Duerch eng Victoire rëm un der Tabellespëtzt

Seniors 2: Duerch eng Victoire rëm un der Tabellespëtzt

AS Luxembourg Porto II - FC Berdenia Berbourg II 1-4

Déi Orange hunn direkt gutt ugefaangen an hunn an der 2. Minutt schonn eng grouss Chance duerch de Serge Guth, deen de Ball awer iwwert de Goal geschoss huet. An der 11. Minutt huet Berbourg duerch schnell Kombinatiounsspill den Dany Leconte an d'Gaass gespillt, deen doropshin de Ball zum 0-1 kann erasetzen. Duerno ass de Match awer komplett verflaacht an et war e Festival vu Fehlpäss op Berbuerger Säit sou dass kee Spillfloss méi dra komm ass bis d'Halschent.

No der Paus ass et dann rëm besser gaange an eis Equipe huet seng eng Reih Chancen erausgespillt. Den 0-2 ass op e Korner hinn an der 56. Minutt gefall, duerch e Kappball vum Charel Weidert. Och de Géigner huet lo matgespillt a konnt knapp 10 Minutten méi spéit op 1-2 verkierzen. Zu deem Moment war de Match rëm op an d'Heeméquipe huet alles probéiert fir den Ausgläich ze maachen. Daat sollt hinnen allerdéngs net méi geléngen, well an der 80. Minutt as d'Entscheedung zu eise Gonschte gefall, mam 1-3 per Selbstgoal no engem Korner. Den endgültegen 1-4 mecht den Daniel Morcela an der 88. Minutt.

Mat dësen 3 Punkten zu Zéisséng iwwerhuele mir déi Biwer rëm, déi leschte Freideg nëmme gläich gespillt hunn, a ginn als Tabelleleader an déi zwee lescht Matcher virun der Wanterpaus. Den nächste Match ass e Freideg um 20h00 doheem géint den FC Résidence Walferdange, éier et dann dee Freideg drop fir de Showdown op Biwer geet. Mir si Berbuerg!