SENIORS 2: Och eis Zweet gewënnt géint Rëmeleng

SENIORS 2: Och eis Zweet gewënnt géint Rëmeleng

FC Berdenia Berbourg II - US Rumelange II 4-2

Durch eng Reih Emstellungen an der Equipe huet Berbourg dei 1. Halschent net an de Match fonnt. Mat ze ville Fehlpassen an ze wéineg Lafbereedschaft hu mir dem Géigner Plaz gelooss fir Fussball ze spillen, a sou ass no 15 Minutten och den 0-1 gefall. Kuerz drop hu mir och endlech ugefaang mat Fussball spillen a kënnen an der 26. Minutt den 1-1 Ausgläich duerch den Daniel Contrino an an der 28. Minutt suguer den 2-1 Féirungstreffer duerch de Manuel Kaufmann maachen. Wee gemengt huet lo hätte mir de Match am Grëff, huet wäit gefeelt. Rëm eng Kéier hu mir duerno eng Phase wou mir kee gudde Fussball gespillt hunn a sou ka Rëmeleng an der 39. Minutt zum 2-2 Halbzeitresultat ausgläichen.

No däitleche Wieder vum Trainer Pol Crelo an der Emstellung vun der Formatioun an der Paus, war déi zweet Halschent besser a sou hu mir lues awer secher de Match an d'Hand geholl. Remeleng huet zwar nach ëmmer gutt matgespillt, mee d'Gléck war dës Kéier op eiser Säit. An der 75. Minutt si mir rëm a Féirung gaangen duerch e Penalty vum Manuel Kaufmann. Kuerz viru Schluss huet de Simon Saro mam 4-2 de Sak zougemaach.

Och wann eis Jongen dëse Match phaseweis net gutt gespillt hunn, sou muss een dës Matcher och gewannen fir d'Klass ze halen.

Den nächste Match ass de kommende Freideg, den 2. Oktober um 20h00 doheem géint den FC 95 Schifflange.

Mir si Berbuerg!