SENIORS 2: Onglécklech Néierlag

SENIORS 2: Onglécklech Néierlag

FC Mondercange II - FC Berdenia Berbourg II 3-2

Um Dënsdeg Owend hunn eis Jongen vun der zweeter Equipe sech op Monnerech déplacéiert, wou si awer leider näischt Zielbares konnte mat Heem bréngen.

Dei 1. Halschent war vun deenen 2 Equippen op engem relativ héijen Niveau, woubäi et permanent hin an hier gaangen ass. Och wa Monnerech déi eng oder aaner Chance hat, sou sollten awer déi zwee eenzeg Goaler an der éischter Halschent fir eis Berbuerger sinn, duerch zwee Goaler vum Max Schrantz an der 13. a 17. Minutt. Kuerz virun der Paus hate mer suguer nach eng 100%eg fir op 0-3 ze stellen.

An der 2. Halschent ass Berbuerg net gutt an de Match komm sou dass déi Monnerecher zweemol op Fräistouss (49. an 54. Minutt) konnte markéieren an op 2-2 ausgläichen. Duerno hunn déi Orange sech awer rem gefaang an haten op eneits eng gutt Geleegenheet fir rëm a Féirung ze goen. Allerdéngs si mer zum Schluss nach bestroft ginn, wéi eng verongléckte Flank an der 82. Minutt ëmmer méi laang ginn ass an hannen an de Wénkel gefall ass. Sou hu mir trotz enger gudder Prestatioun mat 3-2 verluer.

Ze erwähnen bleift awer dass Berbourg mam Luca Crelo secherlech ee vun de jéngsten Seniorsspiller a senge Reihen haat dee jee am Goal gespillt huet. Hien huet réicht e Méindeg séng 16 Joer kritt. Mir soen him Merci fir d'Aushëllefen am Goal, wou hien seng Saach richteg gutt gemaach huet. Ausserdeem wënschen mer op dëser Plaz dem Alex Thill nach eng gutt Besserung an eng schnell Genesung vu séngem Fouss, deen hien sech ënnert der Woch am Training onglécklech verletzt huet.

Weider geet awer schonn haut um Freideg Owend um 20h00 wou eis zweet Equipe d'US Rumelange empfänkt.

Mir si Berbuerg!