Seniors 2: Weider an der Spuer

Seniors 2: Weider an der Spuer

FC Munsbach II - FC Berdenia Berbourg II 0-3

Berbuerg huet direkt de Match kontrolléiert an de Ball schnell no viir gespillt. Wa mir eis Chancen konsequent ausgespillt hätten, wier och schon éischter den 0-1 fir eis Faarwe gefall. Daat war awer net de Fall a sou as Munsbach op Konter hinn emmer méi geféierlech ginn, déi richteg gutt Goalchancen sinn an der éischter Halschent awer ausbliwwen. Dofir huet et awer kuerz virun der Paus zu eise Gonschten gerabbelt wéi den Dany Leconte den 0-1 an der 42. Minutt mecht.

No der Paus dunn e ganz aanert Bild. De Géigner huet vill méi fréih attackéiert an eis enner Drock gesat an zu Fehler gezwongen, mee et sollt hinnen awer kee Goal geléngen. Déi Orange hunn de Match ab der 65. Minutt rem besser ënner Kontroll kritt a probéiert d'Entscheedung iwwer Konteren ze sichen. Et huet awer bis zur 82. Minutt gedauert bis mir duerch en Eelefmeter vum Manuel Kaufmann op 0-2 erhéicht hunn. De Schlusspunkt zum 0-3 huet de Rayan Rafdy an der 90. Minutt gesat. Um Enn hu mer de Match verdéngt gewonn an déi 3 Punkten mat Heem op Berbuerg geholl.

Mir si Berbuerg!!!