SENIORS RESERVES – ÉISCHT NIDDERLAG NO SECHS MÉINT

SENIORS RESERVES – ÉISCHT NIDDERLAG NO SECHS MÉINT

Eis zweet Ekipp huet um 20.Spilldag géngt d’Alliance Äischdall matt 0:4 (0:3) de Kierzere gezunn
 
D’Goler fir d’Visiteuren, déi am Klassement hir zweet Plaatz behapte konnten, sinn an der 4., 28., 35. an 79.Minutt gefall.

Nodeem déi Blo-Wäiss viru bal genee engem halwe Joer bei der Alliance Äischdall fir d’lescht als Verléirer vum Terrain gaang waren, gouf et – no 9 Victoiren hannerteneen – elo géngt deselwechte Géigner déi éischt Nidderlag fir dëst Joer.

EKIPP FC IZEG: Das Neves (65.’ Lies), Badagnani, J.Cillien, Houx, Neu (52.’ Rosario), Rischard, Manzoni, Ziebart, Demukaj, Cattarinussi, Lourenço

Schonn dëse Freideg, den 13.Mee trëtt eis zweet Ekipp bei der Union Käl-Téiteng un. Ustouss um Stade Emile Müller zu Käl ass ëm 20 Auer.