Wantercup: um Schluss Munneref bei de Bambinis

Wantercup: um Schluss Munneref bei de Bambinis

Vill war um Sonndeg de Mëtten an der Monnerecher Sportshal lass. Kee Wonner wann déi ganz Kleng spillen! Et war e ganz flotten an kampfbetounten Nomëtten. D'Kanner hunn alles ginn an hunn sech riseg gefreet wann si e Goal geschoss hunn. Op där anerer Säit, hunn si de Kapp awer net hänken gelooss wann si emol een geschoss kruten an hunn weider gespillt wéi wann näischt geschitt wier. Am éischten Tour sinn Schëffleng an Munneref allebéid mam Maximum vun 12 Punkten Gruppenéischten ginn an hu sech an der Final begéint. Monnerech A ass Drëtten ginn an huet mat der selwechter Punktzuel wéi d'Jeunesse Esch ofgeschloss, huet awer en manner gudden Goalaverage opzeweisen gehat. Esou hunn si ëm déi 5. Plaz géint den FC Éilereng gespillt. Éilereng huet an dëser Partie deen eenzegen Goal geschoss a séchert sech déi 5. Plaz.

An der klenger Final gouf dann en Escher Derby. Hei konnt d'Jeunesse sech knapp mat 1:0 géint d'Fola duerchsetzen. An der Finale konnten déi gutt Munnerefer sech no engem kampfbetounten Match mat 1:0 duerchsetzen. Esou ass d'Editioun 2020 vum Wantercup zu Enn gaangen an et kann een berouegt soen, dass et nees en vollen Erfolleg war an dat och well esou vill Fräiwëlleger hëllefen. Sportlech gesinn gouf et den Erfolleg vun eisen Pupilles esou wéi eng zweet an drëtt Plaz bei de Poussins fir nëmmen déi bescht Resultater ervir ze hiewen. An dann gouf et jo och nach den Erfollg vun de Pappen beim traditionellen Pappenturnéier. Et ass net, dass een sech elo berouegt zeréck leeën kann well déi nächst grouss Affiche a voll an der Preparatioun. Den 12ten an den 13ten Abrëll steet dat wichtegst Evenement un, nämlech déi 17ten Oplag vum Ouschtercup deen ëmmer vill Leit unzitt